Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hamas: Geisele gi réischt fräigelooss wa Krich an der Gazasträif ophält

Noen Osten

Hamas: Geisele gi réischt fräigelooss wa Krich an der Gazasträif ophält

D‘Hamas seet déi palestinensesch Gruppe géifen eréischt weider Geisele fräiloosse wann Israel mam Krich an der Gazasträif ophält. Dës Ausso vun der Hamas kënnt zu enger Zäit wou zu Kairo an Ägypte Verhandlunge weider lafen, fir eng nei Waffepaus ze deklaréieren a weider Geisele fräi ze loossen.

auto_stories

1 min

Et gëtt ugeholl, datt nach 120 Geisele vun der Hamas gefaange gehal ginn.

Am UNO Weltsécherheetsrot soll nach ëmmer iwwert eng Resolutioun gestëmmt ginn, an där eng Paus bei de Kämpf an der Gazasträif gefuerdert gëtt. De Vott gouf schonn dräimol verluecht, Diplomate versichen en Text ze formuléieren, deen net méi vun den USA blockéiert géif ginn.

D‘Weltgesondheetsorganisatioun huet sech op en neits alarméiert gewisen iwwert déi humanitär Situatioun an der Gazasträif. Am nërdlechen Deel géif et kee Spidol méi ginn, dat funktionéiert. Patiente géifen net just stierwe well se net behandelt ginn, mee och well se erhéngeren an erdiischteren. An der ganzer Gazasträif wiere just nach 9 vu 36 Spideeler deelweis a Betrib. Operatiounen a komplex medezinesch Agrëff wieren net méi méiglech.