arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ HISTOFEST zu Esch: E Geschichtsfestival fir déi lokal Communautéit

Geschicht

|
headphones

1 min

HISTOFEST zu Esch: E Geschichtsfestival fir déi lokal Communautéit

Haut um Mëttwoch fënnt déi alleréischte Kéier d'HISTOFEST statt, e lokale Geschichtsfestival, dee vum Zenter fir digital Zäitgeschicht (C²DH) vun der Uni Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Dobäi geet et virun allem ëm de Kontakt mat der lokaler Communautéit, an awer och ëm Networking.

headphones

1 min

© C²DH
(Foto: C²DH)

Am Virdergrond vun der éischter Editioun vum HISTOFEST stinn déi fréier osteuropäesch Staatscheffen Tito an Nicolae Ceaușescu, déi viru Joerzéngte Staatsvisitten zu Esch-Belval ofgehalen haten.

Eng Zort Plattform fir Historiker:inne schafen

Nieft enger Mini-Ausstellung, enger Fotochallenge an Diskussioune ginn och zwee Filmer am Kinepolis gewisen. D'Dr. Dora Komnenovic vun der Uni Lëtzebuerg seet am 100,7-Interview, datt een duerch dëse Geschichtsfestival nei Weeër vum Engagement fanne wëllt. Virun allem sollen déi lokal Communautéite mat agebonne ginn, a mat hinnen zesummegeschafft ginn.

"Ausserdem wollten wir unsere Kooperationen und generell unsere Zusammenarbeit mit kulturellen Institutionen in Luxemburg und im Ausland ausbreiten und auch eine Art Plattform für Historikerinnen und Historiker schaffen, wo man sich austauschen kann, wo es Raum fürs Networking gibt und ein Projekt ins Leben zu rufen, an dem viele unterschiedliche Profile zusammenarbeiten können."

play_arrow Lauschteren

HISTOFEST fënnt am Belval Plaza statt a geet um 16:30 Auer un. Entrée ass gratis a vun 18:30 Auer u ginn och déi eicht Filmer gewisen.