Den diddelenger Gemengerot hat Enn September en aussergewéinleche Kredit vun enger hallwer Millioun Euro fir déi geplangte Feierlechkeeten autoriséiert. D‘Gesamtkäschte vun 325.000 Euro fir d‘Stad Diddeleng géifen domat 65 Prozent vun der ursprénglech geplangter Zomm entspriechen, heescht et.
Gi vun Iwwerschoss ofgezunn
Dës Depense géif am ordinäre Budget 2025 verbucht ginn, deen am Dezember zejoert mat engem Iwwerschoss vu 7,5 Milliounen Euro guttgeheescht gi war. Den Dan Biancala sot, datt d‘Ausgaben am Kader vum Trounwiessel vun dësem Iwwerschoss wäerten ofgezu ginn. D‘Stad Diddeleng misst deemno keen zousätzleche Prêt maachen.