Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hausse vu Syphilis-Fäll virun allem op obligatoresche Reporting zeréckzeféieren

D'Gesondheetsministerin erkläert

Hausse vu Syphilis-Fäll virun allem op obligatoresche Reporting zeréckzeféieren

Déi staark Hausse vu Fäll vu Syphilis hei am Land wier iwwerdeems ënnert anerem doduerch bedéngt, datt d'Fäll vun de Laboratoirë musse gemellt ginn. Dat äntwert d'Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.

auto_stories

1 min

D'Martine Deprez an der Chamber | © Chambre des Députés
D'Martine Deprez an der Chamber (Foto: Chambre des Députés)

Zu Lëtzebuerg hätt et 2023 iwwer 600 gemellte Fäll vu Syphilis ginn - eng Hausse vun iwwer engem Véierel, esou de Joresrapport vum Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Krankheetsbekämpfung. D'Ministerin féiert dës Hausse och nach op Verännerungen am Risikoverhalen an op ee verstäerkten Depistage, virun allem bei Männer, déi sexuell Relatioune mat Männer hunn, zeréck. Am Mee dëst Joer wier iwwerdeems eng national Preventiounscampagne géint sexuell iwwerdrobar Krankheete geplangt, heescht et nach an der Äntwert. Dës soll virun allem Jonker am Alter vu 15 bis 25 Joer cibléieren.