Datt de russesche President bis elo seng Krichsziiler net erreecht hätt, géif net bedeiten, datt d‘Ukrain de Krich gewanne wäert, sot d‘Ursula vun der Leyen de Moien an enger Ried am EU-Parlament zu Stroossbuerg.
Um Sommet gëtt och iwwert d‘Bäitrëttsperspektive fir d‘Ukrain diskutéiert. D‘Kommissiounspresidentin hat scho virun engem Mount recommandéiert, fir Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain unzefänken.
Em d‘EU-Bäitrëttsperspektive fir d‘Länner vum Westbalkan geet et haut och um EU-Westbalkansommet zu Bréissel. Nieft de Bäitrëtts-Diskussioune gëtt do och iwwert d‘Zesummenaarbecht an der Aussen- a Sécherheetspolitik geschwat.
De Premier Luc Frieden ass haut beim EU-Westbalkan-Sommet dobäi, an och muer an iwwermuer um EU-Sommet.