Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider Perturbatiounen, mee d'Situatioun um Zuchreseau normaliséiert sech

Een Dag no de Sabotage-Akten

Weider Perturbatiounen, mee d'Situatioun um Zuchreseau normaliséiert sech

De Freideg gouf et um Franséischen Eisebunnsreseau extrem vill Perturbatioune wéinst Sabotage-Akten. D’Enquête leeft nach fir ze wësse wien hannert där koordinéierter Aktioun stécht. Fir den Ament leit keng Revendicatioun vir. A Frankräich ass den Zuchverkéier no den Attacken op de Reseau nach ëmmer perturbéiert, och wa sech d’Situatioun schonn entspaant huet. Iwwerdeems geet d’Sich no den Täter weider.

auto_stories

2 min

SNCF | © picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert
Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert

Och um zweeten Dag no den Attacken op den SNCF-Reseau ass den Zuchverkéier a Frankräich op ville Plaze perturbéiert. An der Nuecht op e Freideg haten Onbekannter jo Glasfaserleitungen zerschnidden an a Brand gesat an domadder den Zuchtrafic op villen TGV-Linnen ënnerbrach.

Vill Zich hu Verspéidung

Eng 80.000 Persoune ware vun den Ausfäll betraff. Wéi d’SNCF de Moie matdeelt, huet sech den Trafic awer op der Ostachs, also a Richtung Lëtzebuerg, nees normaliséiert. A Richtung Norde fueren ongeféier 80 Prozent vun den Zich, awer vill vun hinne mat enger, bis zwou Stonne Retard. Op der Linn tëschent Paräis a Lille wäert de Verkéier och nach bis e Méindeg perturbéiert sinn. Am Südwesten an a Richtung Bretagne zirkuléieren 2 op 3 Zich, och hei ass awer mat vill Retard ze rechnen an och beim Eurostar Richtung London fueren haut just e Véierel vun de geplangten Zich.

D'Dot gouf nach net revendiquéiert

D’SNCF huet kloergestallt, datt den Transport vun all Sportler a Sportlerinnen an all den accréditéierte Persoune fir d’Olympesch Spiller zu Paräis séchergestallt ass. Och sinn iwwert 1.000 Mataarbechter opgeruff de Reseau ze iwwerwaachen, zousätzlech sinn och eng 50 Dronen am Asaz.

Wien hannert dëser Attack stécht ass nach net gewosst, de Paräisser Parquet ermëttelt, op den Tatuerter gouf no Fangerofdréck an DNA-Spuere gesicht. Nach gouf d’Dot net revendiquéiert. De franséischen Transportminister Patrice Vergriete hat de Freideg gesot, een direkten Zesummenhang mat den Olympesche Spiller wier zwar denkbar, et wier awer méi warscheinlech, datt den Datum wéinst dem Vakanzeverkéier gewielt gouf.

Vu Paräis, de Max Tholl

Aktualitéit
International
Mobilitéit