search

/ Gréng Luucht vun der CSV fir de Marc Spautz als neien Aarbechtsminister

CSV-Nationalrot

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Gréng Luucht vun der CSV fir de Marc Spautz als neien Aarbechtsminister

Den CSV-Nationalrot huet eestëmmeg gréng Luucht ginn, fir dem Grand-Duc de Marc Spautz als neien Aarbechtsminister an d’Martine Hansen als nei Sportministesch ze proposéieren. Iwwerdeems gouf de Laurent Zeimet zu Stroossen vum CSV-Nationalcomitée als neie Fraktiounspresident gewielt.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
v.l.n.r. Marc Spautz, Luc Frieden, Laurent Zeimet | © Carole Schimmer
v.l.n.r. Marc Spautz, Luc Frieden, Laurent Zeimet (Foto: Carole Schimmer)

De Georges Mischo, deen als Aarbechtsminister zeréckgetrueden ass, war iwweregens net present.

De Marc Spautz huet der Press géintiwwer betount, datt hien hannert dem Koalitiounsaccord steet, wichteg wier him awer de Sozialdialog nees hierzestellen. Ob een d’Gewerkschaften nees zeréck an de CPTE (Comité permanent du travail et de l'emploi) kritt, nodeems déi dee wéinst Differenze mam Georges Mischo verlooss haten, wier sécher nach net bis Dräikinneksdag gedoen, esou den zukünftegen Aarbechtsminister. Et wier awer sécherlech d’Zil d’Tripartite nees opliewen ze loossen.

"Ech sinn der Meenung, datt et wichteg ass, datt mer deen Tripartite-Gedanken héich halen an datt mer et och domat erëm fäerdeg bréngen, datt se allen dräi do sëtzen. Dann dauert et heiansdo eng Stonn méi laang, mee awer gläichzäiteg weess och ee wat en deen aneren huet, well wann een och muss Notizen huelen, wat huet deen een elo do gesot, wat huet deen aneren do gesot. Meng Erfarung seet mer, datt et da méi einfach ass, wann een direkt zesummen um Dësch sëtzt."

De Marc Spautz hofft och kënne verschidden Dossieren ze deblockéieren. Iwwerdeems fënnt hien, datt ee bei der Vertragspolitik net nëmmen eleng mat der UEL sollt schwätzen, mee och mat den Ënnerverbänn, well all Secteur anescht wier, esou nach de Marc Spautz.

"Politiker sinn heiansdo Divaen"

Als aktuelle Fraktiounspresident muss de Marc Spautz elo ersat ginn. Als eenzege Kandidat gouf de Laurent Zeimet, mat 15 vu 16 Stëmmen, zum neie Fraktiounspresident gewielt. Deen ass sech der neier Verantwortung bewosst a gesäit et als eng Erausfuerderung.

"All Politiker ass heiansdo eng Diva an de Fraktiounschef muss dat natierlech managen, also ass een och e bëssen dann Diva-Manager, souzesoen, an et ass natierlech an där Situatioun, wou mer sinn, musse mer eis elo dru ginn. Dofir mengen ech brauche mer scho Kontinuitéit an der Aarbecht um Regierungsprogramm. Mir brauchen awer och en neien Elan, deen och muss vun der Fraktioun aus goen."

Ob de Laurent Zeimet elo nach Buergermeeschter vu Beetebuerg bleift, weess hie selwer net. Et misst een elo gesinn, wéi an ob déi verschidden Tâchë mateneen ze bewältege wieren, esou den neien CSV-Fraktiounspresident.

Luc Frieden wëll Parteipresident bleiwen

Anert Thema gëschter Owend war ënnert anerem dem Luc Frieden säin éischter schlecht Ofschneide beim neiste Politmonitor. Als éischte Regierungschef zënterdeem et d’Ëmfro gëtt, ass hien net an den Top-10 ze fannen. Dat hätt divers Grënn seet de Premier.

"Sujete wéi Pensiounsreforme sinn natierlech ganz schwiereg Sujeten. Ech fannen, datt et wichteg ass, datt een nolauschtert, wat d'Leit soen an duerfir den Dialog och mat de Leit an och an der Partei nach verstäerken. Mee ech weess awer och, datt een net nëmme kann no Popularitéit kucken, well et sti schwiereg Dossieren un, och d'ekonomesch Situatioun ass schwiereg."

Trotz dem éischter schlechten Ofschneide vum Luc Frieden am aktuelle Politmonitor, huet de Premier awer Wëlles fir e weidert Mandat als Parteipresident ze kandidéieren.

En Donneschdeg um 10 Auer wäert de Georges Mischo sech vum Grand-Duc verabschiden. Um 11 Auer da gëtt de Marc Spautz vum Grand-Duc Guillaume vereedegt. Well d’Martine Hansen scho Ministesch ass muss si net méi vereedegt ginn. Um zwou Auer mëttes ass dann nach d’Passation des pouvoirs am Aarbechtsministère. Eng Stonn drop am Sportsministère. 

play_arrow Lauschteren