arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protest: 562 Syrer zu Lëtzebuerg waarden nach ëmmer op Äntwerten op hir Asyldemanden

Demonstratioun

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Protest: 562 Syrer zu Lëtzebuerg waarden nach ëmmer op Äntwerten op hir Asyldemanden

Eng 50 Syrer hu virun der Direktioun vun der Immigratioun an der Stad demonstréiert an eng Äntwert op hier Asyldemandë gefuerdert. No der Chute vum Baschar Al-Assad a Syrien am Dezember 2024 waren Honnerten Dossiere vu syreschen Asyldemandeuren hei am Land suspendéiert ginn.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

Den Ament waarde 562 Syrer:innen op eng Äntwert op hier Asyldemanden. Dat huet den Inneministère op Nofro hi matgedeelt. Am Dezember zejoert hätt Lëtzebuerg den Decisiounsprozess fir syresch Asyldemanden nees stéckweis opgeholl, esou den Inneministère. An nächster Zäit wier ee prett déi éischt Entscheedungen ze treffen.

De Mohammad Harer vum Kollektiv SoriiaLina, déi zu der Demonstratioun opgeruff hunn, seet Verschiddener ënnert hinne géife mëttlerweil schonn zënter dräi Joer op eng Äntwert waarden. Ouni Pabeiere kéint een och net schaffe goen, esou de Mohammad Harer. 

"Ça c 'est notre vie en fait, imaginez vous perdez trois ans comme ça, et vous, vous dépensez encore beaucoup pour arriver ici, et pendant les trois ans que vous avez pas de salaire, vous dépensez énormément, et puis votre vie, elle est vraiment, au lieu d'avancer un petit peu en avant, vous êtes reculé dix mètres en arrière."

Dofir missten d'Ministèren elo och eppes maachen, esou nach de Mohammed Harer. Déi laang Dauer wier net normal an d'Leit géife rose ginn.

play_arrow Lauschteren