Radioen

On air

Notturno  |  Maehila - Call You Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gréisser IT-Pann suergt weltwäit fir Problemer - Lëtzebuerg net weider betraff

Feeler bei engem Programm-Update

Gréisser IT-Pann suergt weltwäit fir Problemer - Lëtzebuerg net weider betraff

Aktuell ginn et gréisser Problemer bei den IT-Servicer vu Microsoft. Betraff si Fluggesellschaften, Medien an Telekommunikatiounsentreprisen. Vum Haut-Commissariat à la protection nationale heescht et op Nofro hin, datt Lëtzebuerg vun dëser Pann net weider betraff wier.

auto_stories

2 min

Flughafen Panne | © picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Um Flughafen zu Berlin gouf de Fluchverkéier agestallt. (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder)

De Lëtzebuerger Staat wier och quasi net betraff, krute mir op Nofro hi confirméiert. De Patrick Houtsch, Direkter vum CTIE, sot, datt d'Panne bei Microsoft keen Impakt op staatlech Verwaltungen hätt an datt si net mat de concernéierte Servicer vu Microsoft schaffen.

Esou gi Problemer bei Ryanair gemellt, oder och bei der brittescher Bunn. Problemer mellt zum Beispill och de Berliner Flughafen, genee ewéi den Amsterdamer Fluchhafe Schipol. Och Fluchhäfen an den USA an Australie si betraff.

Dräi indesch Fluchgesellschaften hunn all Maschinne missen um Buedem loossen, well de ganze Buchungssystem ausgefall ass. An den USA sinn all d'Volle vun United, American an Delta um Buede bliwwen.

Microsoft: Problem bei Programm-Update

Och de Fluchhafe Lëtzebuerg ass betraff, wéi lux-Airport op X schreift. Besonnesch Ryanair-Departe wiere betraff. Et muss aktuell manuell agecheckt ginn.

Microsoft huet mëttlerweil reagéiert a matgedeelt, datt et e Problem bei engem Programm-Update gouf, dee vun der IT-Sécherheetsfirma Crowdstrike duerchgefouert gouf. Crowdstrike selwer huet mëttlerweil och confirméiert, datt et sech net ëm eng Cyberattack géing handelen.

Dësen Artikel gëtt reegelméisseg aktualiséiert.