Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greenpeace rifft Regierunge weltwäit op fir méi Efforten ze maachen

Naturschutz

Greenpeace rifft Regierunge weltwäit op fir méi Efforten ze maachen

Am Hibléck op d’COP16 a Kolumbien iwwer d’Biodiversitéit adresséiert sech Greenpeace mat enger Partie Revendicatiounen un déi politesch Responsabel.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Benjamin Westhoff
Foto: picture alliance/dpa | Benjamin Westhoff

Vun e Méinden 21. Oktober un a bis den 1. November, komme Vertrieder vun de Vereenten Natiounen zesumme fir iwwer den Naturschutz ze diskutéieren. D’Zerstéierung vun der Natur a vum Klima wieren eng an déi selwecht Urgence, heescht et an engem Schreiwes vu Greenpeace Lëtzebuerg.

Greenpeace rifft d’Regierunge weltwäit dozou op, méi Efforten ze maache fir d’Natur ze protegéieren an hir Verspriechen a konkret Aktiounspläng ëmzesetzen. Eng vun den Haaptfuerderunge vu Greenpeace ass déi, datt d‘Regierungen sech sollen engagéiere fir ze legiferéieren, fir datt kee Geld méi an Entreprisë fléisst, déi der Natur schueden. Weider soll de Finanzsecteur un déi internationale Klima- a Biodiversitéitsziler ugepasst ginn.