Radioen

On air

Moiesstudio  |  Malik Djoudi - Viens On Prend Le temps

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alerte Orange fir Mëttwoch wéinst Staarkreen

Meteolux

Alerte Orange fir Mëttwoch wéinst Staarkreen

Fir muer gëllt fir de ganzen Dag a fir dat ganzt Land eng Alerte orange, also déi zweethéchst Warnstuf, wéinst Staarkreen. Dat mellen déi zoustänneg Autoritéiten. Vu muer de Moie 6 Auer a bis en Donneschdeg de Moie 6 Auer soll et duerchgängeg reenen.

auto_stories

1 min

De gréissten Deel soll um Mëttwoch am Nomëtteg an an der Nuecht op en Donneschdeg falen. Et gëtt mat bis zu 60 Liter – lokal souguer bis zu 70 Liter op de Metercarré – gerechent, esou Meteolux. Vu muer den Owend u kann et zu Iwwerschwemmunge kommen, heescht et am Schreiwes. Et gëllt als ganz warscheinlech, datt eng Alerte wéinst Héichwaasser declenchéiert gëtt.

Den Trafic riskéiert an de betraffe Gebidder gestéiert ze sinn. Automobiliste sollen hire Fuerstil de Wiederconditiounen upassen. 

Am Nomëtteg kommen déi zoustänneg Autoritéiten nach eng Kéier zesumme fir d‘Situatioun z‘evaluéieren.