Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Giorgia Meloni hält un hirer Iddi vun de Flüchtlingszentre fest

Trotz Decisioun vum Geriicht

D'Giorgia Meloni hält un hirer Iddi vun de Flüchtlingszentre fest

Déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni bleift bei hire Pläng fir Flüchtlingen, déi an Italie wëllen, a Flüchtlingszentren an Albanien ze bréngen. Hir Regierung wëllt an Appell goe géint d‘Decisioun vun engem italieenesche Geriicht vu gëschter um Freideg, wat der Meloni hir Pläng verworf hat.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

E Méindeg soll déi italieenesch Regierung an enger extraordinärer Sitzung iwwert d‘Theema beroden.

Entretemps ginn awer haut schonn zwee Männer aus engem albanesche Flüchtlingslager an Italie bruecht. Si ware vun den italieeneschen Autoritéiten um Mëttelmier ofgefaange ginn, an eeben an Albanie bruecht ginn.

D‘Gericht huet awer elo decidéiert, si kéimen aus Länner, déi net sécher sinn, an dofir misste si an Italie gehollef kréien.