Radioen

On air

Concert  |  "Man ist dem Publikum sehr nah"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsche Bundestag hëlt Sécherheetspak un

Däitschland

Däitsche Bundestag hëlt Sécherheetspak un

Den däitsche Bundestag huet de sougenannte Sécherheetspaak ugeholl. Domat gëtt et gréng Luucht fir d‘Verschäerfungen am Openthalts- a Wafferecht an d’Secherheetsautoritéiten sollen och méi Pouvoir kréien.

auto_stories

1 min

D’Ampelkoalitioun hat dëse Sécherheetspaak no der déidlecher Messerattack zu Solingen an d’Weeër geluecht. Deemno sollen elo Waffen a Messeren op Volleksfester a Sportsevenementer ausdrécklech verbuede ginn. D‘Sécherheetsautoritéiten sollen d’Méiglechkeet kréien, a bestëmmte Fäll biometresch Donnée am Internet ofgläichen ze kënnen.

Et brauch awer den Accord vum President vum Bundeskriminalamt, fir automatiséiert no Gesiichter a Stëmmen ze sichen. Dëse Mesurëpak brauch dann nach gréng Luucht vum Bundesrat.