Dat war och bei der Croix-Rouge de Fall, déi den Impakt vun der Caritas-Affär bei de Privatspender am Summer ganz däitlech ze spiere krut. D'Dominique Hansen ass Direktesch vum Fundraising an domat zoustänneg fir d'Spende bei der Croix-Rouge.
Däitlech Relance am Dezember
D'Enn vum Joer ass traditionell déi Zäit, an där méi gespent gëtt. Doduercher konnt een och nees eng Relance bei de Spende bemierken, esou d'Dominique Hansen.
"Et war effektiv e ganz dramateschen August, September, mee mir haten awer eng ganz däitlech Relance am leschten Trimester, mat engem aussergewéinlech gudden Dezember."
Dëst gouf bedéngt duerch verschidde Saachen. Et war d'Campagne de fin d'année, et war e Croix-Rouge-Basar, et war awer och e Spendenopruff fir d'Affer vun Iwwerschwemmungen a Spuenien.
Et konnt een de Schued also a Grenzen hale bei der Croix-Rouge. Der Dominique Hansen no wier dat och enger "ganz transparenter" Kommunikatioun ze verdanken. Dobäi kéime kloer Richtlinne wat d'Gestioun vun den Donen ugeet.
Déi eenzel Leit gi méi generéis
Entreprisen a Fondatiounen, déi wichtege Piliere vun der Croix-Rouge hire Recetten duerstellen, géingen hir Prozeduren och kennen, a ware vläicht manner nervös a beonrouegt, mengt d'Dominique Hansen.
D'Spender hunn awer allgemeng duerch de Finanzbeduch bei der Caritas d'Vertraue verluer. Mee wéi gewënnt een dat nees zeréck? D'Direktesch vum Fundraising bei der Croix-Rouge mengt, datt dëst just mat ganz vill Transparenz funktionéiere kann.
"Andeem mir eebe kloer erkläert hunn, wéi déi ganz Prozedur fir den Oflaf vun den Donen ass. Dat kann een och alles ganz genau op eisem Website noliesen. Dann awer och kloer ze erklären, wat den Impakt vun den Donen ass, deen absolutt enorm ass. Mir hunn dat och kloer illustréiert, an ech hoffen eeben do d'Vertrauen nees konnten opzebauen."
Och wier den Don moyen eropgaangen, ënnersträicht d'Dominique Hansen. Och wann et eng global Baisse gouf, esou waren awer déi, déi gespent hunn, méi generéis. Dat wier e gutt Zeechen. An dohier géif si och unhuelen, datt d'Situatioun sech 2025 wäert apendelen.