Radioen

On air

One World  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth no der ING Decisioun: Bankereputatioun zu Lëtzebueerg net negativ beaflossen

D'Bank mécht Konten zou

Gilles Roth no der ING Decisioun: Bankereputatioun zu Lëtzebueerg net negativ beaflossen

De Finanzminister hätt sech eng besser Kommunikatioun vun der ING gewënscht. Dat sot de Gilles Roth nodeems déi strategesch Decisioun vun der Bank, fir privat Konten zouzemaachen, fir Opreegung gesuergt huet.

auto_stories

2 min

Den CSV-Minister hätt dem CEO vun der Bank dat och an engem bilaterale Gespréich matgedeelt. Deemno sollen d’Konten net vun haut op muer zougemaach ginn.

"Et ass am Interessi vun de Clienten a vun der Reputatioun vun der Bankeplaz, déi Opreegung déi besteet, wou no zwee Méint eigentlech sollten déi Relatiounen tëschent enger Bank an engem Client kënnen zu Enn kommen, datt een dat an enger transitorescher Phas sollt méi ausdeenen."

Bankereputatioun zu Lëtzebueerg net op d'Spill setzen

De Gilles Roth ass net op déi spezifesch Decisioun vun der ING agaangen. Mee him wier et wichteg, datt d’Bankereputatioun net negativ beaflosst gëtt, an datt d‘Bankeclientë geschützt sinn.

"Datt d'Clientë weider een Accès zu engem Kont hu fir banküblech Operatioune kënnen ze maachen. Datt wa Clienten musse bei eng aner Bank wiesselen, datt dat och sou einfach wéi méiglech kann iwwer d’Bün goen."

Aner Banke reagéieren

Elo misst een ofwaarden, op dat zoustännegt Gesetz iwwer d’Offerte vun de Bankkonten eventuell misst nogebessert ginn.

"Mir musse lo kucken, wéi dat Gesetz hei sech bewäert. A sollten Nobesserungen néideg sinn, da kann een doriwwer nach ëmmer schwätzen."

De Gilles Roth huet iwwerdeems begréisst, datt aner Lëtzebuerger Banken sech asetze fir beim Transfert vun de betraffene Clienten ze hëllefen.

Zukunft vum ING-Marathon ongewëss

Wéi et no 2025 mam ING-Marathon weidergeet ass nach onkloer. Bis dohinner leeft nach de Vertrag mat der Organisatioun step by step S.A. Op Nofro hi sote si, datt si och no der strategescher Decisioun vun der ING fir keng Privatcliente méi unzehuelen, iwwert eng Verlängerung vum Marathon Sponsoring verhandele wäerten. D'ING a step by step schaffen zënter knapps 20 Joer zesummen.

Aktualitéit
Politik
Wirtschaft