Fir ganz Holland gellt haut iwwerdeems och eng Wiederwarnung wéinst engem Stuerm, dee mat bis zu 90 Kilometer an der Stonn iwwert dem Land erwaart gëtt.
Dat huet och Auswierkungen op de Fluchverkéier: um Amsterdamer Flughafe Schiphol goufe fir haut 200 Flich gestrach.
Och am Norde vun Däitschland wäert dee Stuerm ze spiere sinn. Et gëtt Héichwaasser ronderëm d‘Elbe an d‘Weser erwaart, mee och laanscht d‘Nordséiküst gëtt sech op Héichwaasser agestallt.