Vun den Owend u kéinten d‘Peegele wéinst dem Reen séier klammen. Un der Uelzecht – zu Hesper, am Pafendall, zu Steesel, Miersch an zu Ettelbréck – kéint hënt déi rout Wachsamkeetsstuf erreecht, oder iwwerschratt ginn. Un der Sauer zu Dikrech kéint dat muer de Mëtteg de Fall sinn.
Un der Musel besteet wéi gesot den Ament kee Risiko– well d‘Peegelen do awer den Donneschdeg am Laf vum Dag och klamme kéinten, kéint dann déi giel Vigilance fir Héichwaasser-Risiko ausgeruff ginn, esou d‘Autoritéiten. Meteolux warnt iwwerdeems viru Schnéi. Souwuel am Süde wéi am Norde vum Land ginn 2-6 cm erwaart. D‘Warnung gëllt am Süde bis 6 Auer den Owend a fir den Norde bis 8 Auer den Owend.
All Informatioune fannt dir op inondations.lu.