Radioen

On air

Tockcity  |  Oehl - In Diesem Jahr Reden Wir Nur Gut Voneinander

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léon Gloden: 2024 goufen et manner Strofdoten ewéi 2023

Inneministère

Léon Gloden: 2024 goufen et manner Strofdoten ewéi 2023

D’Zuel vun de Strofdoten, déi vun der Police festgestallt goufen, ass zejoert erofgaangen. Dat erkläert den Inneminister a Presenz vum Policegeneraldirekter an der zoustänneger Chamberkommissioun um Mëttwoch. D’Klaue vun Autoen a Vëloen ass ëm bal ee Véierel zeréckgaangen am Verglach mat 2023. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Ee Fortschrëtt gouf et och bei den Abréch, do wier et ee Minus vun 10 Prozent. An der Stad wier et esouguer ee Réckgang vun 30 Prozent erkläert den Inneminister Léon Gloden. Déi genee Chiffere vun der Policeaarbecht ginn an e puer Méint an engem Rapport publizéiert.

De Minister Léon Gloden huet iwwerdeems d’Conclusioune vun engem Audit iwwert d’Ëmsetze vum Gesetz iwwert d’Kompetenze vun de Pecherten, presentéiert. Dee Rapport dee vun der Generalinspektioun vun der Police, realiséiert gouf, weist datt ganz wéineg Gemengen d’Gesetz an d’Sanktiounen déi dra virgesi sinn ëmgesat hunn.

Retizenze vu ville Gemengen

Mam Gesetz vu virun 2 Joer, kruten d’Pecherten déi eng spezifesch Formatioun hunn, d’Méiglechkeet bei Infraktiounen eng Geldstrof auszestellen. Rieds geet am Gesetz vu 17 Sanktiounen déi eng Gemeng kann iwwer de réglement de Police communal aféieren.

Just 15 Gemengen hunn dat effektiv ëmgesat, erkläert den Inneminister Léon Gloden. An enger Entrevue mam Syvicol hätt hie gefrot, wat d‘Retizenze wieren.

D‘Kommunikatioun ass nach ausbaufäeg

Dacks géif et an deene Gemengen déi et ëmgesat hunn nämlech ee Manktem u Kommunikatioun ginn. Esou zum Beispill huet d’Inspection generale vun der Police (IGP) festgestallt, datt déi lokal Police net wosst, datt d’Gemeng den Ausbau vun den Kompetenze fir d’Pecherten ageféiert hätt. Och d’Pecherte wossten net ëmmer driwwer Bescheed.

Kompetenze vun den Agent-Municipalle verbesseren

Ee weidere Problem bleift awer och de Problem vun der Identifikatioun vun de Persounen déi solle vun engem Pechert sanktionéiert ginn, erkläert den LSAP-Député Maire Dan Biancalana. Wann eng Persoun zum Beispill eng Identitéitskontroll verweigert, hätt d‘Police aner Moyene, gëtt den Dan Biancalana ze bedenken. Et bräicht deemno nach vill méi Formatiounen, fir d‘Agent-Municipalle opzewäerten.

D’Chamberfraktioune sollen an de nächste Méint selwer Suggestioune formuléiere fir d’Ëmsetze vum Gesetz iwwert d’Kompetenze vun de Pecherten ze verbesseren, esou d’Propose vum Léon Gloden.

Lauschterenplay_arrow