Mat 30 Liter a 24 Stonnen hat ee bei der Waasserverwaltung gerechent. Bedenkt een, datt de Buedem zu deem Ament scho gesättegt war, hätt dat zu engem fënnefjäregen Héichwaasser féiere kënnen, erkläert den Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung.
Schlussendlech sinn am Anzuchsgebitt vun der Uelzecht awer just 20 Liter banne 24 Stonnen erofkomm. Dat entsprécht engem typesche Wanterhéichwaasser. Just ronderëm Ettelbréck a Miersch kéint ee liicht un déi rout Warnstuf erukommen, mee den Héchststand wäert um Donneschdegnomëtteg well erreecht ginn.
Vill Waasser laanscht d'Sauer, d'Musel ass net betraff
Am Anzuchsgebitt vun der Sauer huet et méi gereent a geschneit. Do sinn déi 30 Liter a 24 Stonnen och erreecht ginn. Zu Dikrech a Bollenduerf kéim een och un déi rout Warnstuf run, esou den Olivier Jeitz. Iwwerschratt wäert se awer och hei net ginn. D’Situatioun wäert engem zweejäregen Héichwaasser entspriechen, wou just déi flaach Plazen ënner Waasser wäerte stoen. Dat wier typesch fir de wanter, esou de Responsabele vun de Fliessgewässer.
D’Musel ass vun all deem iwwerdeems net betraff. Den Olivier Jeitz erkläert, datt d’Anzuchsgebitt vun der Musel vill méi grouss ass an onofhängeg vum Rescht vum Land funktionéiert. Hei wäert de Peegel par conter bis de Weekend hin nach klammen. Dat wéinst dem Schnéi, deen an de Vogeese schmëlzt.
De Weekend wäert et dann nees méi dréchen zu Lëtzebuerg ginn.
Fluchverkéier wéinst Schnéi deelweis ënnerbrach
Duerch de Schnéi vu gëschter Mëtteg war och de Fluchverkéier um Findel zäiteweis ënnerbrach ginn. D‘Start – an d‘Landepiste waren zäitweis zou, huet d‘Luxair matgedeelt.
D‘Fluchgesellschaft weist drop hin, datt si ëmmer alles dru setzt, fir Perturbatiounen z'evitéieren, mee d‘Sécherheet vu Passagéier a Personal hätten ëmmer Prioritéit.