D’Käschten am Wäibau sinn zejoert drastesch an d’Luucht gaangen, engersäits wéinst dem ville Reen hunn d’Riewe méi intensiv misste behandelt ginn, och d’Hausse vun de Léin duerch d’Indextranchen hätt een Impakt gehat. Vun den ronn 70 Privat Wënzerbetriber, sinn der eng 50 déi hir Drauwe selwer verschaffen, déi aner verkafen hir Recolte u Wäinhändler, déi bei de leschte Verhandlungen awer net bereet waren d’Präisser adequat eropzesetzen, erkläert de President vun der Vereenegung vun de Privatwënzer.
Pensioune sinn een Theema am Secteur
Dee gerénge Revenu huet awer och laangfristeg een Impakt, betount de Guy Krier. Dofir hätt een demnächst ee Rendez-Vous mat der Ministerin fir déi Sozial Sécherheet fir iwwer d‘Pensiounen an deem Secteur ze schwätzen.
"A wann Dir näischt verdéngt, da kënnt Dir net vill kotiséieren an da wäert och är Rent deementspriechend geréng ausfalen."
Ausbau vun Infrastrukture bleift schwiereg
Ee weidere Problem dee sech fir vill Wënzerbetriber nach stellt, ass den Ausbau vun den Infrastrukturen, well et nach ëmmer schwiereg ass an der Gréngzon Infrastrukturen erlaabt ze kréien.
Dat ass awer am Wäibau néideg fir um selwechte Site Wäin ze produzéieren, do ze liewen, Saisonsaarbechter z’empfänken an de Wäin ze verkafen. Och Aktivitéiten am Önotourismus missten an den Ae vum Guy Krier besser ënnerstëtzt ginn. Dat wier och keng Konkurrenz zur Horesca, mee et géif een am Contraire nei Touristen op Lëtzebuerg zéien, esou de Guy Krier.