Bannent dem nächsten hallwe Joer sollen all d’Geschäfter ënnert dem Markennumm LECLERC funktionéieren, gouf ugekënnegt.
Bei enger Entrevue viru gutt engem Mount tëschent de Gewerkschaften, de Vertrieder vum Grupp LECLERC an den Direktioune vu Cora a Match wieren all Froe beäntwert ginn, esou den LCGB-Gewerkschaftssekretär Tiago Afonso.
"Dat Wichtegst war eben déi 1.200 Aarbechtsplaze wou do sinn, an do ware si ganz kloer. Si wëllen d’Leit alleguer halen, si wëlle kee kënnegen oder wat och ëmmer. Si soten, datt déi Leit wichteg sinn, fir datt de Betrib och funktionéiere kann."
Fir Salariéen ännert sech näischt
Et geséich fir de Moment esou aus, wéi wa sech duerch d’Reprise duerch LECLERC fir déi Beschäftegt net wierklech eppes verännert, seet den OGBL-Zentralsekretär David Angel.
"Mir kruten am Fong déi Garantien, déi mir wollten, dat heescht, datt kee Personal ofgebaut gëtt, au contraire, datt et éischter esou ausgesäit wéi wa plazeweis géif nach weider agestallt ginn."
Keng Ännerungen um Kollektivvertrag
Den Tiago Afonso vum LCGB ënnersträicht, datt net geplangt wier, datt et een eenzege Kollektivvertrag fir déi Beschäftegt wäert ginn.
"D’Leit, wou Salariée beim Cora sinn, halen hire Kollektivvertrag. D’Leit, wou beim Match sinn, déi halen och hire Kollektivvertrag. Déi zwee Kollektivverträg, déi hunn och verschidden Ënnerscheeder, dat heescht Jiddereen hält eben dat wat en huet fir de Moment."
Verhandlunge laafen
D’Verhandlunge fir een neie Kollektivvertrag fir déi Beschäftegt vu Match a vun der Zentral Courthéoux hu virun e puer Wochen ugefaangen. D’Fuerderunge géifen déi selwecht bleiwen, seet den David Angel vum OGBL.
"Et ass natierlech schonn esou, datt ee kann dovu villäicht ausgoen, dass déi Reprise do dofir suerge wäert, dass ee keng grouss Spréng mol an enger éischter Phas an deene Verhandlunge mécht, respektiv, datt se villäicht e bësse méi laang daueren. Do musse mer elo kucke wat mir fir Léisunge fannen."
De Supermarchés-Grupp Leclerc huet ugekënnegt, grad wéi a Frankräich, och hei am Land d’Nummer eent wëllen ze ginn. A Frankräich huet de Grupp iwwer 750 Geschäfter an huet 2022 een Ëmsaz vu ronn 44 Milliarden Euro gemaach.