Um zwielef Auer mëttes sollte méiglechst vill Leit zesummekommen. Dozou hat d’Wittfra vum fréieren Oppositiounspolitiker Alexei Nawalny opgeruff. Déi lëtzebuergesch Organisatioun RU-HELP hat dozou opgefuerdert, datt jiddwereen, dee géint den aktuelle russesche Regimm wéilt wielen, sollt fir 12 Auer mëttes wiele goen. An d’Ënnerstëtzung war grouss: E puer honnert Leit stoungen an enger Schlaang virun der Ambassade. An dorënner net nëmme russesch Matbierger, wéi dës Fra.
“Well ech et einfach wichteg fannen. Ech mengen dat, wat de Putin op der ganzer Welt, dee Krich, deen Duercherneen, deen duerch just ee Mënsch op der ganzer Welt ass, da muss een einfach Presenz weisen awer.”
D‘Organisateure vu RU-HELP waren iwwerrascht an eegenen Aussoen no frou, datt och aner Matbierger komm sinn, fir sech solidaresch ze weisen.
D'Hoffnung net opginn
Wien de Gewënner vun de Wale wäert sinn, stoung scho vu virera fest. Experte schwätze vun enger "Scheinwal“. Et stoungen zwar wuel dräi aner Kandidaten op der Lëscht. Déi richteg Oppositioun a Géigner vum russesche Krich an der Ukrain goufen awer guer net zu de Walen zougelooss. Do kënnt d‘Fro op, ob et iwwerhaapt Sënn gemaach huet, fir wielen ze goen. D‘Organisateure vu RU-HELP erklären, wisou et fir si wichteg war, datt d‘Mënsche géife wiele goen. De Sergey Terentiev seet:
“Et mécht Sënn, fir jiddwereen, fir just eppes ze maachen. Ob dat d’Resultat beaflosse kann, dat wësse mir guer net. Leider.”
"I’ve just chosen a candidate, that I don't like the least.”
Den Ilia Ostretsov gesäit et an éischter Linn als direkte Statement un déi Persounen, déi d’Resultater auszielen. Hie gëtt d’Hoffnung net op, datt de System awer nach ka geännert ginn.
D‘Leit, déi aus der Walkabinn erauskomm sinn, hunn erkläert, datt si sech sécher gefillt hu fir ze wielen, an datt si genuch Privatsphär gehat hätten. Et gouf nëmmen eng eenzeg Walkabinn an dräi Leit vun der Ambassade, déi d‘Wale betreit hunn.
Ee vun de Wieler huet erkläert, datt et Campagnë ginn hätt, fir d‘Leit opzeruffen, hire Walziedel ongülteg ze maachen. Zum Beispill an deems een e Statement drop géif schreiwen. Hien huet sech awer dofir entscheet, ee vun den aneren dräi Kandidaten ze wielen. An zwar fir de Wladislaw Dawankow, e Kandidat vun de Wirtschaftsliberalen.
“There are no candidates to whom I would really like to vote. I don't like any of them, in fact, I’ve just chosen a candidate, that I don't like the least.”
Wichteg ze gesinn, datt een net eleng ass
E Choix, dee méi Leit getraff hunn, erkläert och den Organisateur vu RU-HELP, de Sergey Terentiev.
“Ech mengen, hei zu Lëtzebuerg ass scho garantéiert, datt et éischter Dawankow oder just Stëmme géint si all wäerte ginn.“
Och déi nächst Wielerin huet sech fir de Wirtschaftsliberalen Dawankow decidéiert. Si war mat hirer Famill do an erkläert, mat hirem klenge Bouf un der Hand, datt et fir si Sënn mécht, wielen ze goen, a si wier optimistesch. Fir si wier et och immens wichteg ze gesinn, datt si net eleng ass. Dat géif hir Hoffnung ginn.