Den Ament gëtt iwwer déi ënnerschiddlech Formulatiounen diskutéiert. Den DP-Deputéierten an Dokter Gérard Schockmel géif awer bei egal wéi enger Formuléierung eng méiglech Propos an der Chamber net matstëmmen.
"Ech mengen d'Ofdreiwung ass eigentlech am Konflikt mam Recht op Liewen. Well hei gëtt jo dann erlaabt, Liewen, dat um Entstoen ass, wärend deenen éischten zwielef Wochen därzäit ze beendegen an där Zäit, ouni datt et eng Begrënnung brauch an ouni datt et eng medezinesch Indikatioun brauch."
Datt een dat a Form vun engem Gesetz hätt, wier esou a wäert och net nach eng Kéier opgemaach ginn, esou de Gérard Schockmel. Fir e Recht op Ofdreiwung an d'Verfassung ze schreiwe géif him awer bedenklech schéngen.