arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Sportminister Georges Mischo bedauert d'Nominéierung vum Gerson Rodrigues

No Verurteelung wéinst haislecher Gewalt

|
headphones

1 min

headphones

15 min

play_arrow

De Sportminister Georges Mischo bedauert d'Nominéierung vum Gerson Rodrigues

De Sportminister Georges Mischo fënnt, datt de Gerson Rodrigues net fir déi Matcher hätt dierfe selektionéiert ginn. Den Nationalspiller ass an zweeter Instanz wéinst Gewalt a Kierperverletzung zu 18 Méint mat Sursis verurteelt.

headphones

1 min

headphones

15 min

play_arrow
Georges Mischo | © Chris Zeien
Georges Mischo (Foto: Chris Zeien)

D'Fussball-Nationalekipp vun den Häre spillt haut um Dënschdeg e weidere Frëndschaftsmatch. De Géigner den Owend am Stade de Luxembourg ass Irland. De leschte Freideg haten d'Rout Léiwen 0-1 géint Slowenie verluer. An och haut den Owend sinn nees Protester ronderëm de Match annoncéiert wéinst der Selektioun vum Gerson Rodrigues.

Bei engem Protest vu CID Fraen an Gender beim Match géint Slowenien de leschte Freideg hate Sécherheetsagenten de Manifestantinne Plakater ewechgerappt. Eng Demonstrantin huet duerno missen an d'Klinik an hat de Fanger gebrach. D'Fussballfederatioun, déi rezent vill an der Kritik stoung, hat sech duerno fir deen Tëschefall entschëllegt. Fir de Sportminister Georges Mischo ass dat de Minimum. 

"Et gëtt argumentéiert, datt den Här Rodrigues eng zweet Chance verdéngt hätt. Eng zweet Chance kritt ee fir mech ëmmer nëmmen, wann een den éischte Schratt emol mécht, fir sech ze entschëllegen. An dat ass leider net geschitt. An et sinn, jo, et ass nach am Fong elo eng Kuuscht dropgeluecht gi mat engem Post mat 'Only God can judge me' - datt just Gott him kéint soen, wéi et geet."

Dat wier en Hon par Rapport zu jidderengem, esou nach de Georges Mischo, mee viru par Rapport zum Affer. 

play_arrow Lauschteren