An den nächste Woche soll een neien Text zur Chatkontroll vun der Europäescher Kommissioun proposéiert ginn. D'Zil vun der Kommissioun ass et, géint d’Verdeele vu kannerpornografeschem Material um Internet ze kämpfen. Iwwer d’Method gëtt zanter Joren tëschent den EU-Länner gestridden.
Piraten: Kanner ginn doduerch net besser geschützt
All déi Applikatiounen, mat deenen een um Handy ka Messagë verschécken, zum Beispill WhatsApp oder Messenger, sinn duerch eng Verschlësselung geschützt. Fir esou eng Kontroll awer duerchzeféieren, missten déi sozial Netzwierker dozou verflicht ginn, d’Verschlësselung zu deem Zweck opzehiewen.
De Ben Polidori, Deputéierte vun de Piraten, betount, datt esou eng generell Iwwerwaachung geféierlech wier fir d’Privatsphär, virun allem awer géifen d’Kanner doduerch net besser geschützt ginn.
Eng sécher Technologie gëtt gebraucht
Lëtzebuerg ass fir ee Gläichgewiicht tëschent Schutz vun de Grondrechter ënner anerem vun der Privatsphär, an der Fro vum Kampf géint de Kannermëssbrauch, preziséiert d’Justizministesch Elisabeth Margue.
Eng Äntwert kéint um technologesche Plang kommen oder och bei de Prozeduren, wéi déi verschidde Bedreiwer vun den Onlineplattformen verdächteg Fäll kënne mellen. Op alle Fall misst Technologie, déi agesat géif ginn, och sécher sinn.