Dat mellt de Statec am Konjunktur Flash vun dësem Mount. D‘Aarbechtsofferen am Secteur wieren an de leschte Méint d‘lescht Joer ëm ronn een Drëttel an d‘Luucht gaangen.
D‘Zuel vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen a bei der ADEM gemellt sinn, wier déi lescht Méint zimmlech stabel bliwwen. An de Risiko fir seng Aarbecht am Bau duerch Faillitten ze verléiere wier Enn d‘lescht Joer eropgaangen, esou nach de Statec.