arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemëschte Situatioun am Bausecteur - Positiv Unzeechen mee Aktivitéite stagnéieren

Statec

|
headphones

1 min

Gemëschte Situatioun am Bausecteur - Positiv Unzeechen mee Aktivitéite stagnéieren

D‘Situatioun am Bausecteur ass weider gemëscht: engersäits hätten d‘Entreprisen d‘Gefill et géif besser goen an et géif och positiv Unzeechen um Aarbechtsmaart. Anerersäits géif d‘Aktivitéit weider op engem niddregen Niveau stagnéieren an och d‘Investissementer wiere mitigéiert.

headphones

1 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Dat mellt de Statec am Konjunktur Flash vun dësem Mount. D‘Aarbechtsofferen am Secteur wieren an de leschte Méint d‘lescht Joer ëm ronn een Drëttel an d‘Luucht gaangen.

D‘Zuel vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen a bei der ADEM gemellt sinn, wier déi lescht Méint zimmlech stabel bliwwen. An de Risiko fir seng Aarbecht am Bau duerch Faillitten ze verléiere wier Enn d‘lescht Joer eropgaangen, esou nach de Statec.