search

/ Gazasträif: Däitschland wëllt sech net u Stabiliséierungs-Truppe bedeelegen

Ausseminister Wadephul

|
headphones

1 min

Gazasträif: Däitschland wëllt sech net u Stabiliséierungs-Truppe bedeelegen

Däitschland wäert sech net un enger internationaler Stabiliséierungs-Trupp an der Gazasträif bedeelegen. Dat huet den däitschen Ausseminister Johan Wadephul der Presseagence DPA preziséiert. Eng Stabiliséierungs-Trupp misst nämlech a gewësse Fäll och duerchgräife fir d'Sécherheet ze garantéieren.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Soeren Stache
(Foto: picture alliance/dpa | Soeren Stache)

Zënter zwee Méint gëtt eng Waffepaus tëschent Israel an der Hamas, déi awer nach ganz fragil ass.

Dëse Stabiliséierungs-Trupp ass an enger zweeter Phas vum 20-Punkte-Plang vum US-amerikanesche President Donald Trump virgesinn.

Dëse Plang gesäit och eng Entwaffnung vun der Terrororganisatioun Hamas vir. Eppes, wat déi awer kategoresch ofleent.