Däitschland misst sech wéi keen zweet Land op der Welt mat ëffentleche Rotschléi un Israel zeréckhalen, esou den däitsche Kanzler Friedrich Merz. Wann awer Grenze géifen iwwerschratt ginn, an dat humanitäert Vëlkerrecht verletzt géif ginn, da misst och Däitschland eppes dozou soen, huet den CDU-Politiker op enger Konferenz zu Berlin erkläert.
"Ich verstehe offen gestanden nicht mehr mit welchem Ziel die Zivilbevölkerung derart in Mitleidenschaft zu nehmen, wie das in den letzten Tagen immer mehr der Fall gewesen ist, lässt sich nicht mehr mit einem Kampf gegen den Terrorismus der Hamas begründen."
De Bundeskanzler huet d’Partnerschaft tëschent Däitschland an Israel betount. Déi israeelesch Regierung dierft awer näischt maachen, wat hir bescht Frënn iergendwann net méi bereet wieren ze akzeptéieren, huet de Friedrich Merz ënnerstrach.
Och den däitschen Ausseminister Johann Wadephul huet dat israeelescht Virgoen an der Gazasträif haut schaarf kritiséiert. Hien ass awer net fir ee Waffenembargo am Noen Osten, wéi e - wéinst der Situatioun an der Gazasträif - vu Spuenie gefuerdert gëtt.
Hamas huet nei Wafferou akzeptéiert
Eng nei Propos vun de Mediateuren am Krich am Gazasträif géif d‘Fräiloossung vun 10 liewegen israeelesche Geiselen, ee Waffestëllstand vu 70 Deeg an de partielle Réckzuch vun der israeelescher Arméi vum palästinenseschen Territoire virgesinn. Dat mellt déi franséisch Presseagence. D‘Hamas wier mat der Propos averstanen, heescht et. Weider Detailer feelen.
Déi israeelesch Arméi huet d‘Awunner vun de meeschten Uertschaften am Süde vum Gazasträif dann opgeruff fir ze evakuéieren, dorënner och vun der zweetgréisster Stad Chan Younes a vu Rafah. D‘Militär géif an der Regioun mat engem "beispilllosen Ugrëff“ ufänken, heescht et.
De Bilan vun den Doudesaffer no israeeleschen Ugrëff am Gazasträif ass iwwerdeems op op d‘mannst 52 geklommen, déi meescht dovu Fraen a Kanner, an 33 dovun an engem fréiere Schoulgebai.
Déi palästinensesch Noriichtenagence mellt, et wiere Flüchtlingen do ënnerbruecht gewiescht. Israel behaapt, et wier eng Kommandozentral vun der Hamas a vum islameschen Dschihad gewiescht.