An Israel huet den Oppositiounsleader d’Decisioun vum Sécherheetscabinet schaarf kritiséiert: D’Entscheedung, d’Stad Gaza wëllen ze kontrolléieren, wier eng “Katastroph”, déi zu “ville weidere Katastrophe wäert féieren”, esou de Jair Lapid. D’Eruewerung vun der gréisster Stad an der Gazasträif wäert senger Meenung no zum Doud vun de Geisele féieren, an zu villen doudegen israeeleschen Zaldoten.
Den israeelesche Premier hätt sech - trotz de Warnunge vun der Arméi - vu senge rietsextreme Koalitiounspartner dreiwe gelooss, huet den Oppositiounsleader kritiséiert.
An der Mëttesstonn dunn huet déi radikal Palästinenserorganisatioun Hamas an deem Kontext vun engem neie Krichsverbrieche geschwat. An engems huet d’Hamas gemengt, Israel géif deier dofir bezuelen.
International Kritik
No der Annonce vum israeelesche Sécherheetscabinet fir d’Stad Gaza anzehuelen, huet Däitschland seng Waffenexporter un Israel zum Deel gestoppt. Domat gëtt den Drock vun eisem Nopeschland op den traditionellen Alliéierten erhéicht.
Dem Kanzler Friedrich Merz no sollen deemno bis op Weideres keng Waffe méi exportéiert ginn, déi an der Gazasträif kéinten zum Asaz kommen.
Lëtzebuerg bedauert d’Decisioun vun Israel. Eng weider Militäroperatioun géif zu nach méi Zerstéierung a Leed féieren, huet den Ausseminister Xavier Bettel um Freidegmëtteg op X geschriwwen. Et bräicht elo e Waffestëllstand. Dat hätt een der israeelescher Regierung de Mëtten och matgedeelt.
Luxembourg deeply regrets Israel’s decision to escalate its military operation in Gaza. This will only bring more destruction & suffering.
— Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) August 8, 2025
Civilians face a dire humanitarian crisis. Hostages remain in terrible conditions.
We need a ceasefire now. Intl. law must be respected.
Vum brittesche Premier Keir Starmer koum d’Kritik, datt d’Decisioun weder zu engem Enn vum Konflikt, nach zum Fräiloosse vun de Geisele géif bäidroen.
De belschen Ausseminister huet iwwerdeems déi israelesch Ambassadrice bei sech bestallt.
Entscheedung just en Drockmëttel?
De Sécherheetscabinet an Israel hat de Moie fréi dofir gestëmmt, d’Stad Gaza ze konzentréieren. Medie spekuléieren, datt d’Ukënnegung Deel vun enger Verhandlungstaktik kéint sinn, fir d’Hamas massiv ënner Drock ze setzen.
De Moment kontrolléiert Israel ronn dräi Véirel vun der Gazasträif an där ronn zwou Millioune Palästinenser:inne liewen. De Militärasaz, deen elo annoncéiert gouf, soll sech just op d’Stad Gaza am Norde kontrolléieren, esou een Televisiounssender, dee sech op héich israeelesch Beamte berifft.
D’Zil wier d’Evakuéierung bis Ufank Oktober vun den Awunner:innen aus der Stad, déi a Flüchtlingslageren am zentralen Deel vun der Gazasträif solle kommen.
De Sécherheetscabinet an Israel huet och fënnef Prinzippien decidéiert, fir de Krich an der Gazasträif op een Enn ze bréngen. Dozou gehéiert ënner anerem, datt d’Hamas d’Waffe soll ofgeholl kréien. Duerno soll eng "alternativ Zivilregierung" fir d’Gazasträif opgebaut ginn.