Hie wier entsat iwwer d'Biller vun den auserhéngerten israeelesche Geiselen, sot de Friedrich Merz gëschter um Sonndeg der BILD-Zeitung. D'Hamas géif d'Geisele quälen, Israel terroriséieren an déi eege Populatioun als Schutzschëld benotzen. D'Hamas dierft an der Zukunft vun der Gazasträif keng Roll spillen, esou den däitsche Kanzler weider.
De Friedrich Merz huet sech domat änlech positionéiert wéi de franséische President Emmanuel Macron, deen am Kontext vun de Videoe vun enger "nidderträchteger Grausamkeet" geschwat huet.
Däitschen Drock op Israel
Wat d'Zukunft vun der Gazasträif an engem palästinensesche Staat ugeet, leien d'Positioune vun Däitschland a Frankräich awer weider wäit auserneen. D'Regierung vum Friedrich Merz huet d'Decisioun vum Emmanuel Macron, fir am September bei der UNO-Vollversammlung e palästinensesche Staat unzëerkennen, kritiséiert, a wëllt de Verhandlungsprozess ofwaarden, bis se sech selwer wëllt dozou äusseren.
Trotzdeem probéiert Däitschland weiderhin als enke Partner Drock op Israel opzebauen. Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul war Enn leschter Woch op Visitt an Israel an am Westjordanland. Mat vue op d'Gazasträif huet hien duerno vun enger Hongersnout geschwat. D'Rees, un déi grouss Erwaardunge gestallt gi waren, huet op israeelescher Säit awer fir keng gréisser Reaktioun gesuergt.
Iwwer de Weekend huet Däitschland iwwerdeems selwer nees Hëllefsgidder iwwer der Gazasträif erofgeheit. Insgesamt 19 Tonne Liewensmëttel, Medikamenter an aner Hëllefsgidder goufen der däitscher Arméi no esou geliwwert.