arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unerkennung vu Palästina: 14 Länner schléisse sech Frankräich un

UNO-Konferenz zu New York

|
headphones

1 min

Unerkennung vu Palästina: 14 Länner schléisse sech Frankräich un

Op der UNO-Konferenz zu New York huet Frankräich a 14 aner Länner an enger gemeinsamer Deklaratioun hir Bereetschaft deklaréiert, Palästina als Staat unzeerkennen, an aner Länner opgeruff, dat och ze maachen. Lëtzebuerg huet sech deem Appell ugeschloss

headphones

1 min

© UN Photo
(Foto: UN Photo)

Vun dëse 14 Länner hätten der 9 bis elo Palästina nach net unerkannt, mee ugedeit, datt si an déi Richtung tendéieren. Dat ass bis elo och d'Positioun vu Lëtzebuerg.

D'Deklaratioun op der Konferenz zu New York hätt Lëtzebuerg mat ënnerschriwwen, esou déi franséisch Noriichtenagence AFP. Gëschter um Dënschdeg hat de brittesche Premier Keir Starmer ugekënnegt, datt och Groussbritannien e palästinensesche Staat bei der UNO-Vollversammlung am September wäert unerkennen, ausser Israel géif bis dohi verschidde Konditiounen erfëllen, dorënner e Waffestëllstand an der Gazasträif.

Arabesch Länner stelle Fuerderung un d'Hamas

Op der UNO-Konferenz zu New York hunn awer och e puer arabesch Länner déi radikal islamistesch Hamas opgefuerdert, d‘Waffen néierzeleeën an hir Muecht an der Gazasträif opzeginn. Eng entspriechend Deklaratioun gouf vu 17 Länner ënnerschriwwen, dorënner Ägypten, Katar, Saudi-Arabien a Jordanien.

An der Deklaratioun gëtt och déi terroristesch Attack vun der Hamas de 7. Oktober 2023 op Israel verurteelt. D‘Dokument soll zu enger Zweestaateléisung mat der Co-Existenz vun Israel an engem onofhängegt palestinensesche Staat bäidroen.