Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Galizien: Sozialistesch Partei vum Pedro Sánchez mat historescher Néierlag

Spuenien

Galizien: Sozialistesch Partei vum Pedro Sánchez mat historescher Néierlag

A Spuenien huet déi sozialistesch Partei vum Premierminister Pedro Sánchez bei de Regionalwalen a Galizien eng historesch Defaite erlieft. D‘Sozialisten hunn an der nordwestlecher Regioun Galizien just 14 Prozent vun de Stëmme kritt. Dat ass dat schlechtste Resultat an der Geschicht.

auto_stories

1 min

Den Alberto Nunez Feijoo, President vun der PP, déi hir Majoritéi behalen. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Cristian Leyva)

Domat verléiert dem Premier Sánchez seng Partei fënnef vun hire 14 Sëtz am Parlament zu Santiago de Compostela. Déi konservativ Vollekspartei PP vum Regionalpresident Alfonso Rueda huet hir absolut Majoritéit behalen.

D‘Walen a Galizien waren een Indicateur fir d‘Aarbecht vum Premier Pedro Sánchez, deen am Hierscht, mat Hëllef vun de katalanesche Separatisten, Premier konnt bleiwen, a ganz ëmstridden ass wéinst der geplangter Amnestie fir d‘Separatisten.