Radioen

On air

Owesconcert  |  Vies d'artistes: Rachmaninoff & Berlioz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU setzt sech verstäerkt fir eng Zwee-Staate-Léisung an

Eu-Ausseminister

D'EU setzt sech verstäerkt fir eng Zwee-Staate-Léisung an

Zu Bréissel sinn haut d’Ausseministere vun de 27 EU-Länner beieneen. Si berode mat Homologen aus dem Noen Osten iwwer méiglech Ausweeër aus dem Konflikt tëscht Israel an der Hamas. Mat derbäi sinn de Generalsekretär vun der Liga vun den Arabesche Staaten an d’Ausseministere vu Saudi-Arabien, Ägypten a Jordanien.

auto_stories

1 min

Israel Katz Annalena Baerbock | © European Union
Den israeeleschen Ausseminister Israel Katz mat senger däitscher Homologin Annalena Baerbock. (Foto: European Union)

Um Programm steet och een Echange mam israeeleschen Ausseminister Israel Katz, an dem Riad Malki, Ausseminister vun der palestinensescher Autonomie-Autoritéit.

D’EU wéilt sech an deene Gespréicher verstäerkt fir eng Zwee-Staate-Léisung an Israel asetzen, sot den EU-Chef-Diplomat Josep Borrell de Moie virun der Reunioun. Hie géing vun elo un net méi vun engem Friddens-, mee vun engem Zwee-Staate-Prozess schwätzen.

Fir de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet den Ament ee Waffestëllstand Prioritéit. Laangfristeg kéim een awer net laanscht eng Zwee-Staate-Léisung, sou den Xavier Bettel.