Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eventuell Eskalatioun am Noen Osten: Bundeswehr mécht sech prett fir Evakuatioun

Noen Mëttleren Osten

Eventuell Eskalatioun am Noen Osten: Bundeswehr mécht sech prett fir Evakuatioun

Russland géif dem Iran Radaren a Loftofwier-Systemer liwweren en vue vun där erwaarter Attack vum Iran op Israel. Dat mellt déi amerikanesch Zeitung New York Times, déi sech op iranesch Sourcë berifft. Den Iran hätt Russland ëm militäresch Ënnerstëtzung gefrot an déi elo och kritt, esou d‘New York Times.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg
Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg

Russland hat déi déidlech Attack op den Hamas Chef Ismail Hanijeh zu Teheran verurteelt, fir déi den Iran Israel responsabel gemaach huet.

Wéinst där gefaarter Eskalatioun am Noen Osten ass déi däitsch Bundeswehr bereet fir eng Massen-Evakuatioun vun däitsche Staatsbierger:innen, déi den Ament am Libanon an anere Länner an der Regioun sinn. Dat gouf den däitschen Ausseministère bekannt.

A Niedersachse géifen A400M Militär-Transport-Fligeren an Zaldot:inne prett stoen, fir kuerzfristeg Evakuatiounsaktiounen ze starten. Am Libanon wieren den Ament 2.100 Däitscher, esou den Ausseministère.