Zeréck bei een nohaltege Wuesstemsmodell: Esou huet de franséische Finanzminister Roland Lescure d’Aufgab vum G7-Finanzminister-Sommet zu Paräis beschriwwen.
Op Multilateralismus setzen
D’Lëscht un Erausfuerderungen ass awer grouss. Wéinst der Angscht virun Inflatioun an der Käschtenexplosioun beim Pëtrol ginn den Ament massiv Staatsobligatiounen um Aktiemaart ofgestouss, wat et fir d’Staate méi schwéier mécht hir Verscholdung an de Grëff ze kréien.
Och d’Relatioune mat den USA ënner dem President Trump sti beim Treffen am Fokus. De Roland Lescure sot, et misst een nees weisen, datt de Multilateralismus nëtzlech ass a weiderhi funktionéiert.
D'seelen Äerden a China...
E weidere Sujet, deen och haut op der Agenda steet, ass d’chineesesch Kontroll iwwer déi sougenannt seelen Äerden, déi besonnesch fir d’KI-Industrie wichteg sinn.
Niewent de 7 permanente Memberstaaten huelen och Brasilien, Indien, Südkorea, Kenia an och Syrien um Sommet deel. De Meeting soll och schonn op de G7-Sommet preparéieren, deen nächste Mount am franséischen Evian stattfënnt.
Fir de Mëtteg gëtt eng Pressekonferenz erwaart op där een éischt Fortschrëtter an Eenegunge wëllt presentéieren.