Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes: No Schleisen-Accident muss d'Liwwerkette funktiounsfäeg bleiwen

Accident op der Musel

Yuriko Backes: No Schleisen-Accident muss d'Liwwerkette funktiounsfäeg bleiwen

Trotz der futtisser Schleis op der Musel gëtt et keng Liwwerenkpäss bei Pëtrolsproduiten zu Lëtzebuerg. Dat sot de Wirtschaftsminister Lex Delles um Dënschdegowend virun der Press. D’Stocke wiere gutt opgefëllt. Prioritéit wier et elo, datt d'Liwwerkette weider funktionéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© MECO play_arrow
Foto: MECO

Och bei anere Matière-premièren, wéi zum Beispill Sand, géif et den Ament keng Liwwerenkpäss. Entreprisen, déi vun der Schëffsblockade betraff sinn, kéinte vun elo u fir hir Salariéë Chômage partiel wéinst Cas de force majeure ufroen, esou de Minister Lex Delles. 

Repercussioune bis Mäerz

Den Accident wier geschitt, an et misst een elo kucke Solutiounen ze fannen, esou de Wirtschaftsminister. Niewent dem Hafen zu Mäertert selwer wieren och Betriber betraff, déi Produite weider veraarbechten, déi iwwer de Schëffswee op Mäertert kommen, esou de Lex Delles. Mat deene wier een a Kontakt.

"Et ass fir eng gewëssen Zäit. Et ass am Moment previsionnel bis Mäerz, wäerten do Repercussioune sinn."

Op Camionen a Gidderverkéier setzen

Fir d'Retarde vun de Gidderschëffer an hire Wueren auszegläichen an de wirtschaftleche Schued anzegrenzen, plangt d'Mobilitéitsministerin Yuriko Backes Convoi-exceptionelle fir d’Strooss zouzeloossen an och d’'Restriktioune fir Camionschauffeuren notamment d'Fuerverbuet iwwer d'Weekender an d'Feierdeeg auszesetzen. 

Prioritéit wier et d'Liwwerkette funktiounsfäeg ze halen. Nieft de Camione wäert een och op de Gidderverkéier ëmlageren, esou Mobilitéitsministesch.

Schleise brauchen all eng zweet Kummer

Et wier een och permanent am Kontakt mat den däitschen Autoritéiten, fir esou eng Situatioun an Zukunft ze verhënneren, esou d'Ministesch Yuriko Backes.

"Et ass eng Problematik, déi scho méi laang am Fong besteet, wou mir den däitschen Autoritéiten och soen, komm mer kucken, datt op de Schleisen eng zweet Kummer ass, dass wann esou eppes geschitt, wéi elo geschitt ass, dass mer Alternativen hunn."

Den Ausbau vun de Muselschleis soll an engem europäesche Co-Finanzement geschéien, esou d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes. Op der däitscher Säit hu just 3 vun 10 Schleisen eng zweet Kummer fir den Noutfall. An och déi zwou Muselschleisen zu Lëtzebuerg hu momentan nëmmen eng Kummer.

Lauschterenplay_arrow