Radioen

On air

Moiesstudio  |  Amy Winehouse - Tears Dry On Their Own

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Führerschäin ofgeholl: Och am EU-Ausland

NEI EU-DIREKTIV

Führerschäin ofgeholl: Och am EU-Ausland

D’EU-Transportministere si sech eens ginn: An Zukunft sollen Automobilisten no schwéiere Verkéiersdelikter hire Führerschäin net méi just an hirem Heemechtsland kënne verléieren, mee och wa si an engem aneren EU-Memberland ënnerwee sinn. Lëtzebuerg muss sech dorop preparéieren, seet d’Yuriko Backes.

auto_stories

2 min

Yuriko Backes am Interview mam Danièle Weber | © Loris Meyer, Mobilitéitsministère
Foto: Loris Meyer, Mobilitéitsministère

An der EU gëtt un enger Verschäerfung vun de Verkéiersreegele geschafft. An Zukunft sollen zum Beispill Automobilisten no schwéiere Verkéiersdelikter hire Führerschäin net méi just an hirem Heemechtsland kënnen ofgeholl kréien, mee och, wa si am EU-Ausland ënnerwee sinn. Doriwwer si sech d’Transportministeren aus déi 27 Memberlänner en Donneschdeg de Moien eens ginn.

Yuriko Backes begréisst nei Direktiv

Et wier wichteg, datt schwéier Verstéiss géint de Code la route am Ausland net ouni Konsequenze bleiwen, sot de Mëtteg zu Bréissel d’Transportministerin Yuriko Backes. Si begréisst déi nei EU-Direktiv.

Elo soll een entspriechende System op d’Bee gesat ginn, fir dat méiglech ze maachen. Zu Lëtzebuerg, misst ee sech elo dorop präparéieren.

"Do si natierlech dann de Parquet an d’Police mat implizéiert. Soubal mir e finalen Text hunn, wäerte mer eis an engem Aarbechtsgrupp mat den zoustännegen Administratiounen zesummesetzen. Fir datt wierklech gewosst ass, wat dat fir eis heescht. Et geet drëms, wann en EU-Bierger zu Lëtzebuerg esou eng grav Infraktioun mécht, datt déi Informatiounen dann u säin Heemechtsland zeréckgeschéckt ginn an datt hien dann do de Fürerschäin entzu kritt. Dat heescht deen échange d'information ass extreem wichteg, an do musse mir eis dann och deementspriechend zu Lëtzebuerg opstellen."

Verhandlunge mam Europaparlament fänken elo un

D’Direktiv huet grad op Lëtzebuerg, wou besonnesch vill Net-Residenten op de Stroossen ënnerwee sinn, ee groussen Impakt. Wéi vill Delikter ënnert déi nei Reegele fale géifen, kéint een den Ament nach net soen, sou d’Ministerin.

Ier datt et esou wäit ass, musse sech d’Europaparlament an d’Memberlänner nach am Detail iwwert déi nei Direktiv eens ginn. D’Parlament setzt sech dofir an, datt méi Delikter dorënner falen, wéi bis elo virgesi waren. Nodeems d’Memberlänner sech um Donneschdeg iwwert hir Positioun eens gi sinn, kënnen elo d’Verhandlungen tëscht den EU-Institutiounen ufänken.