Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frieden iwwer Caritas: Prioritéit läit um weidere Fonctionnement vun de Strukturen

Finanzbedruch

Frieden iwwer Caritas: Prioritéit läit um weidere Fonctionnement vun de Strukturen

Déi Aktivitéiten, déi d’Caritas am Numm vum Staat mécht, misste weider geféiert ginn. Dat seet de Premier Luc Frieden op eis Nofro hin. Och hie misst fir d éischt verstoe kënnen, wat genee schif gelaf ass.

auto_stories

2 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel

Onofhängeg vun der Situatioun bei der Caritas misst de Staat sécher stellen, datt déi Strukturen, déi d'Caritas betreit, weider geféiert ginn. Sou zum Beispill Strukture fir Sans-abrisen oder Flüchtlingen.

Déi bal 500 concernéiert Mataarbechter:inne wëllen awer wëssen, wéi et em hir Paien an d’Zukunft vun hiren Aktivitéite steet.

De Premier kéint hir Suerge verstoen „mee déi Leit schaffen net beim Staat", stellt hien entgéint.

„Dem Staat seng Aufgab ass et ze kucken, datt déi Aktivitéiten, déi d’Caritas am Numm vum Staat mécht, weider geféiert ginn, an alles aneschters muss lo fir d'éischt d’Police an d’Justiz kucken, wat da genee do geschitt ass.“

Och den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel betount, datt d’Prioritéit elo ass, déi sozial Strukturen um Lafen ze halen.

Déi gréng: Oppe Froe musse gekläert ginn

Déi Gréng hate schonn e Samschdeg eng Ufro gemaach fir eng urgent Reunioun vun der Chamberkommissioun Famill, zesumme mam Premier Luc Frieden an de Vertrieder vun der Caritas. Hannergrond ass datt d’ONG d’lescht Woch ronn 61 Milliounen Euro geklaut kritt huet, an eng héich gestallte Persoun aus der Organisatioun ënner Verdacht steet, d’Gelder op auslännesch Konten iwwerwisen ze hunn. Fir déi Gréng stelle sech eng ganz Rei Froen, och wann een et hei mat enger Enquête ze dinn huet, déi nach leeft, esou d’Djuna Bernard op eis Nofro hin.

Bannent der Caritas misste sech Froe gestallt ginn, wéi et souwäit konnt kommen, mee och d‘Banke misste klären, ob hire Kontrollmechanisme richteg fonctionnéiert hunn, esou d‘Djuna Bernard.

Op eis Nofro hin huet de Bistum matgedeelt, datt ee fir de Moment keng Ausso zu dësem Dossier ka maachen, well een aktuell net genuch driwwer weess.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft