Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréieren CSV-Politiker François Colling ass dout

Am Alter vu 84 Joer gestuerwen

Fréieren CSV-Politiker François Colling ass dout

De François Colling ass dout. De fréieren CSV-Politiker ass gëschter um Freideg am Alter vu 84 Joer gestuerwen. Dat huet den Escher Buergermeeschter Christian Weis dem radio 100,7 confirméiert. Hie war ënnert anerem tëschent 1984 a 1995 10 Joer laang CSV-Fraktiounspresident.

auto_stories

1 min

De François Colling am Joer 2014. (Foto: CSV)

De gebiertegen Escher war vu Formatioun hier Ingenieur. Hien huet ënner anerem bei der ARBED geschafft. 1979 hat de François Colling eng éischte Kéier op der CSV Süd-Lëscht kandidéiert a gouf och gewielt. Hien ass bei dräi Chamberwalen hannerteneen erëmgewielt ginn. Ënnert den zwou Regierunge Santer-Poos war de François Colling tëschent 1984 a 1995 dobäi 10 Joer laang CSV-Fraktiounspresident.

1996 ass hien dunn op den europäesche Rechnungshaff gewiesselt. E Mandat, wat hie bis 2007 gemaach huet.

De François Colling war de Fils vum bekannten Escher Dokter Emile Colling, deen nom Krich och fir d’CSV als Deputéierten an d’Chamber gewielt gi war an dono an de 50er a 60er Joren an de Regierunge vun där Zäit och Minister war.