Radioen

On air

9 bis 1  |  Benny Sings - Sunny Afternoon

play_arrow Live
search

/ Fréiere Police-Generaldirekter Philippe Schrantz gëtt neie Generaldirekter vun HUT

Vum 1. Mäerz un

Fréiere Police-Generaldirekter Philippe Schrantz gëtt neie Generaldirekter vun HUT

De fréiere Police-Generaldirekter Philippe Schrantz gëtt den 1. Mäerz neie Generaldirekter vun "HUT – Hëllef um Terrain“. Dës Decisioun vum Verwaltungsrot vun der ASBL huet de President vun HUT Christian Billon haut um Méindeg matgedeelt.

auto_stories

1 min

Philippe Schrantz | © HUT
Philippe Schrantz (Foto: HUT)

Säin Engagement géif et HUT erlaben, seng Missiounen ze assuréieren an ze entwéckelen, heescht et am Schreiwes.

"Hëllef um Terrain“ hat am September d’lescht Joer een Deel vun den Aktivitéite vun der Fondatioun Caritas iwwerholl, dat an der Suite vun der Caritas-Finanzaffär.