D'USA sinn d'Importland Nummer 1 fir franséisch Wäiner a Schampes. Net verwonnerlech also, datt d'Annonce gëschter um Donneschdeg de Wënzer hei vill Suerge bereet huet.
Perte vu ronn 1 Milliard Euro
Déi franséisch Federatioun vun den Exportateure vu Spirituose sot, si wieren immens enttäuscht, an datt dës Mesure déi ganz Filière a Schwieregkeete géing bréngen.
Virum Amtsuntrëtt vum amerikanesche President Donald Trump louch d'Tax bei 4,8 Prozent, elo also dräimol esou héich.
Schonn Ufank August hat d'Federatioun vun de Wäinexportateure matgedeelt, datt ee bei enger Douanestax vu 15 Prozent dovu géing ausgoen, datt ongeféier ee Véierel vun den Exporter ewechbriechen, wat eng Perte vun ongeféier enger Milliard Euro géing bedeiten. Et wier ëmsou méi schlëmm, well den Dollar och nach schwaach ass an doduerch souwisou manner Richtung USA géing exportéiert ginn, esou d'Federatioun.
Aussenhandelsminister wëllt nach verhandelen
D'Wënzerin Armelle Cruse war gëschter Invitée op BFMTV a sot, et wier zwar e béise Coup, mee nach keng Katastroph. Et misst een elo d'Käschten tëschent Wënzer, Distributioun an Importateure gerecht verdeelen. Virun allem wier dat laangt Hin an Hier bei den Douanestaxe schiedlech.
Datt et elo bei 15 Prozent bleiwe soll, dogéint wiert sech den Aussenhandelsminister Laurent Saint-Martin. D'Geschicht wier nach net eriwwer. Hie géing nach d'Méiglechkeet gesinn, d'Taxen ze reduzéieren, esou de Minister.
Déi franséisch Landwirtschaftsministesch huet iwwerdeems europäesch Mesurë gefuerdert, fir d'Wënzer elo ze ënnerstëtzen.