Radioen

On air

Notturno  |  Alan Vega - Nike Soldier

play_arrow Live
search

/ Franséisch Bauere wäerten och dës Woch protestéieren

Landwirtschaft

Franséisch Bauere wäerten och dës Woch protestéieren

A Frankräich protestéieren d‘Bauere weider. Fir déi ganz Woch misst een a Frankräich mat Blockaden a Protestaktioune vun de Bauere rechnen. Dës Warnung koum de Moien op France Inter vum President vum gréisste franséische Bauere-Syndikat.

auto_stories

1 min

Um Weekend gouf et schonn op verschiddene Plazen a Frankräich Protester vun de Baueren. Hannergrond ass déi geplangte Reform vum franséischen Agrargesetz, déi elo no hanne verluecht gouf. D‘Bauere fuerderen ënner anerem méi finanziell Ënnerstëtzung.