Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet festgestallt, datt et zu handwierkleche Feeler komm wier. Et géif "recurrent Problemer" beim Staat ginn wat d'marchés publics ugeet.
"Et si ganz wéineg Ministèren, déi dat iwwerhaapt richteg kënnen (…)."
Et géif hie stéieren, datt een haut op d‘Coronazäit géif zeréckkucken a géif soen „mir hätten dat alles solle vill besser maachen an ‚dat ass alles ganz schlëmm, wat deemools geschitt ass‘“. Dat wier awer net de Fall, sou de Franz Fayot.
D’Stephanie Weydert vun der CSV an d’Sam Tanson vun Déi Greng sinn de Méindeg iwwerdeems als Co-Rapportricë vun der Budgtskontrollkommissioun agesat ginn.