Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Echange mam Premier iwwer Walrechtsreform 

Chamberkommissioun

Éischten Echange mam Premier iwwer Walrechtsreform 

An der Chamber Institutioune Kommissioun gëtt um Méindeg a Presenz vum Premier Luc Frieden iwwer d’Reform vum Walgesetz diskutéiert. Wéi soll dat reforméiert, dat hat de Premier am Summer zejoert d'Parteie gefrot. Iwwer de Parteien hir Propose gëtt elo eng éischte Kéier geschwat. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Luis Boza play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Luis Boza)

Et gëtt kaum ee Konsens tëschent de Parteien op den Haaptfroen, déi sech zum Walgesetz stellen, mat enger Ausnam: der Digitaliséierung vum Walbulletin. 

Oneens sinn d'Parteie sech virop iwwer d'Walbezierker: d'CSV, d'ADR an d'DP wëllen déi véier Bezierker. D'LSAP, déi gréng an déi Lénk wëlle just ee Bezierk behalen, well een dann eng gerecht Stëmmeverdeelung hätt. Bei de leschte Walen hat d'LSAP zum Beispill um nationale Plang dausende Stëmme méi wéi d’DP, mee krut zwee Mandater manner wéi déi Liberal.

Wéineg Konsens

D'Zuel vun den Deputéierten, aktuell sinn et der 60, kéint an Zukunft no uewen ugepasst ginn, op allefalls sinn d'LSAP, déi gréng, d’Piraten an d’ADR där Meenung. D’CSV fënnt dat net fir néideg. 

Fir awer ze evitéieren, datt an Zukunft ze vill kleng Parteien an d’Chamber anzéien, sinn d’LSAP an d’ADR der Meenung, datt een ee Seuil u Stëmme sollt aféiere fir iwwerhaapt an d'Chamber kënnen eranzekommen, esou wéi dat an Däitschland elo schonn existéiert.

Aner Froe concernéieren d'Auslännerwalrecht. D'CSV an d'DP gesinn dat net als eng Prioritéit, d'ADR ass dogéint a wëllt, datt d'Walrecht un d'Nationalitéit gebonne bleift.

D'LSAP, déi gréng an déi Lénk sinn der Meenung, datt d'Auslännerwalrecht och 10 Joer nom Referendum vun 2015 nees soll an d'A gefaasst ginn. déi Lénk froen d'Aféierung, an déi aner zwou Parteie wëllen d'Wieler:innen op en Neits dozou consultéieren: D'LSAP iwwer ee Referendum an déi gréng iwwer ee Gespréich mat de Wieler a Wielerinnen. 

Walrecht vu 16 Joer un an Duebelmandater

Beim Walrecht vu 16 Joer un ass et änlech, just datt do d'Piratepartei fir d'Erofsetze vum Walalter ass, fir dat passiivt an dat aktiivt Walrecht. D'LSAP, déi gréng an déi Lénk sinn och fir d'Walrecht vu 16 un. D'CSV an d'DP wëllen um Walalter näischt änneren.

Eenzel Parteie proposéieren a punkto Walrechtsreform och d'Verbuet vum duebele Mandat, datt een also net gläichzäiteg Buergermeeschter/Buergermeeschtesch an Deputéierte ka sinn. 

Lauschterenplay_arrow