Radioen

On air

Concert  |  Multitalent trëfft op Wonnerkand

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den EU-Oprüstungsprozess wier scho säit Joren amgaangen

Friddens-Fuerschungsinstitut SIPRI

Den EU-Oprüstungsprozess wier scho säit Joren amgaangen

Dat geet aus engem Rapport vum Friddens-Fuerschungsinstitut SIPRI zu Stockholm ervir.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

De Volume un Importer an d'EU vu schwéiere militäresche Gidder wéi Kampfjets, Panzer oder U-Booter wieren am Verglach mat de leschten 10 Joer ëm ronn 155 Prozent an d'Luucht gaangen.

Dat wier eng Reaktioun op d'Bedroung duerch Russland, esou ee Responsabele vum Sipri. D'Rüstungsimporter an d'Ukraine hätten sech bal ver-100facht. De weltwäite Volume u Rüstungsimporter wier iwwerdeems iwwer de genannten Zäitraum relativ onverännert bliwwen.