Radioen

On air

Concert  |  Auf der gleichen Saite

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Frankräich huet eng nei Regierung

Politik

Frankräich huet eng nei Regierung

De Méindeg den Owend huet den Elysée d'Nimm vun de 36 Membere vun der neier franséischer Regierung matgedeelt. E puer politesch Schwéiergewiichter, eng Iwwerraschung, mee virun allem Bestännegkeet charakteriséieren d'Ekipp vum Premier François Bayrou. Besonnesch déi lénk Oppositioun kritiséiert d'Nominatioune schaarf.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

Frankräich huet eng nei Regierung, woubäi nei et vläicht net esou ganz trëfft, well et dann dach eng ganz Rëtsch bekannte Gesiichter an der Ekipp vum François Bayrou gëtt. Ënner anerem deen ëmstriddenen Inneminister Bruno Retailleau, d'Kulturministesch Rashida Dati, den Ausseminister Jean-Noël Barrot oder den Arméiminister Sebastien Lecornu bleiwen am Amt. Zeréck an d'Regierung kommen dee fréieren Inneminister Gérald Darmanin, deen d'Justiz iwwerhëlt an och direkt zwee fréier Premieren. D'Elisabeth Borne gëtt Educatiounsministesch an dee fréiere sozialistesche Premier Manuel Valls këmmert sech an Zukunft ëm d'Iwwerséigebidder. D'Nominatioun vum Manuel Valls huet vläicht iwwerrascht, de Premier huet se de Méindeg Owend op BFMTV domadder erkläert, datt hie Persoune schätzt, déi Risiken aginn.

Les Républicains wëlle Regierung deelweis ënnerstëtzen

Och dee fréiere sozialisteschen Aarbechtsminister François Rebsamen ass als Minister fir Dezentraliséierung an der Regierung. De Wirtschafts- a Finanzministère goung un de parteilosen Eric Lombard, dee bis elo un der Spëtzt vum Finanzorgan Caisse des Dépôts stoung. No der Annonce huet d'Oppositioun reagéiert. De Chef vum RN, de Jordan Bardella, sot et wier eng Koalitioun vum Echec, et wéilt een awer net direkt e Mësstrauensvott areechen. De Sozialistechef Olivier Faure sot, et wier keng Regierung mee eng Provokatioun. Déi konservativ Les Républicains kënne sech iwwerdeems virstellen d'Regierung ze ënnerstëtzen - allerdéngs nëmme vun Text zu Text an ënner verschiddene Konditiounen.

Eise Frankräich-Korrespondent Max Tholl mat weideren Erklärungen

Lauschterenplay_arrow