Dëst Joer hu sech schon dräi Jonker wéinst Mobbing d‘Liewe geholl. De rezenste Fall war ee Jonke 15 järegen, dee sech een Dag no der Rentrée suicidéiert huet.
D‘Elisabeth Borne huet annoncéiert, datt ee System soll opgebaut ginn, mat deem jonk Harceleure vun de soziale Reseauen ausgeschloss ginn. Fäll, déi gemellt ginn, sollen och systematesch erfaasst ginn.