Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: D’Lénksallianz insistéiert op hire Regierungsusproch

Regierungsformatioun

Frankräich: D’Lénksallianz insistéiert op hire Regierungsusproch

A Frankräich kënnt Beweegung an d’Regierungsformatioun. De President Emmanuel Macron koum haut um Freideg fir Gespréicher mat der Lénksallianz, senger eegener Partei an der Droite zesummen. D’Lénksallianz insistéiert weiderhin op hire Regierungsusproch.

auto_stories

2 min

Emmanuel Macron | © picture alliance / BILDBYRÅN | MAXIM THORE
Foto: picture alliance / BILDBYRÅN | MAXIM THORE

Vu Paräis, de Max Tholl 

De Moie war d’Marine Tondelier, Cheffin vun den Ekologisten Invitée op France Inter a sot ganz kloer, et géing fir d’Lénksallianz Nouveau Front Populaire keng Alternativ zur Lucie Castets fir de Premiersposte ginn. E wéineg méi spéit war si du mat der Castets beim President fir dësen dovun ze iwwerzeegen.

Marine Tondelier: Lénksallianz eenzeg stabil Optioun

Den Emmanuel Macron wier asiichteg gewiecht an hätt agesinn, datt d’Walresultat e Wonsch no politescher Verännerung ausgedréckt hätt, sou d’Lucie Castets no der Reunioun. Trotzdeem behält de Macron eng grouss Koalitioun weiderhin am An.

Aus dem Elysée heescht et zënter Deeg a Wochen, datt d’Land eng stabil Regierung brauch an et gleeft een net dorun, datt den Nouveau Front Populaire eleng dat garantéiere kann. D’Marine Tondelier sot awer de Moien, eenzeg d’Lénksallianz kéint eng Regierung forméieren, all aner Optioune géifen op wackelege Bee stoen.

Entscheedung iwwer Premierposte spéitstens d'nächst Woch

No der Reunioun mam Nouveau Front Populaire koum de Macron och nach mat de Spëtze vu senger Regierungsmajoritéit zesummen. Medieberichter no soll hien hinne géigeniwwer gesot hunn, d’Walresultat wier kee kompletten Désaveu fir d’Macronie. Dono stoung nach eng Reunioun mat der Droite républicaine un, genee wéi mam zentristesche Grupp LIOT an elo nach dem Parti radical de gauche. E Méindeg wäert de Macron dann nach mat de Rietsextreme schwätzen. Eng Entscheedung wien nächste Premier gëtt soll dono séier getraff ginn, dem Nouveau Front Populaire no spéitstens en Dënschdeg.

Lauschterenplay_arrow