Radioen

On air

Notturno  |  Ideal - Monotonie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Frankräich: Apple gëtt no a liwwert iPhone-Update

Technologie

​Frankräich: Apple gëtt no a liwwert iPhone-Update

Nodeems Frankräich gedréit huet, den iPhone 12 zeréckzeruffe wéinst schlechte Stralewäerter, plangt Apple ee Update. 

auto_stories

1 min

Allerdéngs wëll d‘Techfirma d‘Software fir den Handy just a Frankräich selwer upassen. Apple sot doniewt, datt d‘Iwwerschreidung vum Stralengrenzwäert op d‘Spezifizitéit vum Test zeréckzeféiere wier.

Den Update soll d‘Testmethod vun de franséischen Opsiichtsautoritéiten consideréieren a wier net wéinst Sécherheetsbedenke geplangt, verséchert d‘US Firma.

Och déi belsch Reguléierungsautoritéit hat gëschter annoncéiert, déi elektromagnéitesch Strale vum Handy méi genau ze ënnersichen.